Alec Guinness

Alec Guinness
Alec Guinness 6 Allan Warren.jpg
Gebuer 2. Abrëll 1914
Marylebone
Gestuerwen 5. August 2000
Midhurst
Doudesursaach Liewerkriibs
Nationalitéit Vereenegt Kinnekräich
Aktivitéit Filmschauspiller, Autobiograph, Charakterschauspiller, Dréibuchauteur, Theaterschauspiller, Televisiounsschauspiller
Member vun American Academy of Arts and Sciences
Famill
Bestuet mat Merula Salaman
Kanner Matthew Guinness
Wikidata-logo-without-paddings.svg

De Sir Alec Guinness, CH CBE, gebuer den 2. Abrëll 1914 zu Paddington, London, a gestuerwen de 5. August 2000 zu Midhurst, West Sussex, England, war en englesche Schauspiller.

No enger fréier Carrière op der Bün huet hien an den 1950er an 1960er Jore mat groussem Succès a sougenannten Ealing Comedies matgespillt, dorënner The Ladykillers a Kind Hearts and Coronets (woudran en aacht verschidde Rollen hat). Am bekanntste gouf en duerch seng Zesummenaarbecht mam David Lean an deem senge Filmer: als Herbert Pocket a Great Expectations (1946), Fagin an Oliver Twist (1948), de Col. Nicholson an The Bridge on the River Kwai (1957, woufir en den Oscar fir déi bescht männlech Haaptroll krut), de Prënz Faisal a Lawrence of Arabia (1962), de Yevgraf an Doctor Zhivago (1965), an als Professor Godbole an A Passage to India (1984). Och fir seng Roll als Obi-Wan Kenobi am George Lucas senger Original-Star Wars-Trilogie gouf hie wäit bekannt.

De Guinness war, zesumme mam Laurence Olivier a mam John Gielgud, ee vun den dräi brittesche Schauspiller, déi nom Zweete Weltkrich de Sprong vu klassesche Shakespeare-Theaterrollen an Hollywood-Blockbuster gepackt hunn. Nieft dem Oscar huet den Alec Guiness e BAFTA Award, Golden Globe an en Tony Award gewonnen. 1959 gouf hie vun der Kinnigin Elizabeth II. fir säi Verdéngscht ëm d'Konscht geadelt.

Kino

vun 1946 bis 1949

  • 1946: Great Expectations, vum David Lean mam John Mills an Jean Simmons
  • 1948: Oliver Twist, vum David Lean mam Robert Newton a Kay Walsh
  • 1949: Kind Hearts and Coronets, vum Robert Hamer mam Dennis Price a Valerie Hobson
  • 1949: A Run for Your Money, vum Charles Frend mam Donald Houston an Hugh Griffith

vun 1950 bis 1959

  • 1950: Last Holiday, vum Henry Cass mam Beatrice Campbell a Kay Walsh
  • 1950: The Mudlark, vum Jean Negulesco mam Irene Dunne
  • 1951: The Lavender Hill Mob, vum Charles Crichton mam Stanley Holloway
  • 1951: The Man in the White Suit, vum Alexander Mackendrick mam Joan Greenwood a Cecil Parker
  • 1952: The Card, vum Ronald Neame mam Glynis Johns a Petula Clark
  • 1953: Malta Story , vum Brian Desmond Hurst mam Jack Hawkins an Anthony Steel
  • 1953: The Captain's Paradise, vum Anthony Kimmins mam Yvonne De Carlo
  • 1954: Father Brown, vum Robert Hamer mam Joan Greenwood a Peter Finch
  • 1955: To Paris with Love, vum Robert Hamer mam Odile Versois an Elina Labourdette
  • 1955: The Prisoner, vum Peter Glenville mam Jack Hawkins
  • 1955: The Ladykillers, vum Alexander Mackendrick mam Cecil Parker, Herbert Lom a Peter Sellers
  • 1956: The Swan, vum Charles Vidor mam Grace Kelly a Louis Jourdan
  • 1957: The Bridge on the River Kwai, vum David Lean mam William Holden an Jack Hawkins
  • 1957: Barnacle Bill, vum Charles Frend mam Irene Browne a Maurice Denham
  • 1958: The Horse's Mouth, vum Ronald Neame mam Kay Walsh
  • 1959: The Scapegoat, vum Robert Hamer mam Bette Davis an Nicole Maurey
  • 1959: Our Man in Havana, vum Carol Reed mam Burl Ives a Maureen O'Hara

vun 1960 bis 1969

vun 1970 bis 1979

vun 1980 bis 1994

  • 1980: The Empire Strikes Back, vum Irvin Kershner mam Mark Hamill, Harrison Ford a Carrie Fisher
  • 1980: Raise the Titanic, vum Jerry Jameson mam Jason Robards an Anne Archer
  • 1983: Lovesick, vum Marshall Brickman mam Dudley Moore an Elizabeth McGovern
  • 1983: Return of the Jedi, vum Richard Marquand mam Mark Hamill, Harrison Ford a Carrie Fisher
  • 1984: A Passage to India, vum David Lean mam Judy Davis a James Fox
  • 1988: Little Dorrit, vum Christine Edzard mam Derek Jacobi an Joan Greenwood
  • 1988: A Handful of Dust, vum Charles Sturridge mam Kristin Scott Thomas an Anjelica Huston
  • 1991: Kafka, vum Steven Soderbergh mam Jeremy Irons an Theresa Russell
  • 1994: Mute Witness, vum Anthony Waller mam Marina Sudina

TV

  • 1955: Baker's Dozen, vum Desmond Davis mam Robert Morley a Pamela Brown
  • 1959: Startime, (TV-Serie) (1 Episod)
    • The Wicked Scheme of Jebal Deeks, vum Franklin J. Schaffner mam Charles Coburn a Patricia Barry
  • 1969: ITV Saturday Night Theatre, (TV-Serie) (1Episod)
    • The Wicked Scheme of Jebal Deeks, vum John Sichel mam Tommy Steele a Ralph Richardson
  • 1974: The Gift of Friendship, vum Mike Newell mam Sarah Badel a Michael Gough
  • 1976: Caesar and Cleopatra, vum James Cellan Jones mam Geneviève Bujold
  • 1979: Tinker Tailor, Soldier Spy, (TV-Serie) (7 Episoden)
    • Return to the Circus, vum John Irvin mam Terence Rigby an Alexander Knox
    • Tarr Tells His Story, vum John Irvin mam Michael Jayston an Anthony Bate
    • Smiley Tracks the Mole, vum John Irvin mam Michael Jayston an Ian Richardson
    • How It All Fits Together , vum John Irvin mam Michael Jayston a George Sewell
    • Tinker Tailor, vum John Irvin mam Michael Jayston an Ian Bannen
    • Smiley Sets a Trap, vum John Irvin mam Ian Bannen an Joss Ackland
    • Flushing Out the Mole, vum John Irvin mam Michael Jayston
  • 1980: Little Lord Fauntleroy, vum Jack Gold mam Ricky Schroder a Colin Blakely
  • 1982: Smiley's People, (TV-Mini-Serie) (6 Deeler vu 60 Minutten)
    • Deel 1, vum Simon Langton mam Curd Jürgens an Eileen Atkins
    • Deel 2, vum Simon Langton mam Curd Jürgens an Eileen Atkins
    • Deel 3, vum Simon Langton mam Mario Adorf a Beryl Reid
    • Deel 4, vum Simon Langtonmam Mario Adorf a Barry Foster
    • Deel 5, vum Simon Langton mam Michael Lonsdale a Barry Foster
    • Deel 6, vum Simon Langton mam Michael Lonsdale a Michael Byrne
  • 1984: Edwin, vum Rodney Bennett mam Renée Asherson
  • 1987: Great Performances, (TV-Serie) (1 Episod)
    • Monsignor Quixote, vum Rodney Bennett mam Leo McKern
  • 1992: Performance, (TV-Serie) (1 Episod)
    • Tales from Hollywood, vum Howard Davies mam Jeremy Irons a Charles Durning
  • 1993: Screen One, (TV-Serie) (1 Episod)
    • A Foreign Field, vum Charles Sturridge mam Leo McKern
  • 1996: Eskimo Day, vum Piers Haggard mam Maureen Lipman an Tom Wilkinson
Commons: Alec Guiness – Biller, Videoen oder Audiodateien

Copyright