Zweete Weltkrich

An Asien ass den Zweete Weltkrich mam Iwwerfall vun de Japaner op China am Joer 1937 ugaangen. Fir Europa huet en den 1. September 1939 ugefaangen, wéi Däitschland Polen ugegraff huet, an doropshi Frankräich a Groussbritannien den 3. September 1939 Däitschland de Krich erkläert huet. En huet fir Europa, bis den 8. Mee 1945 gedauert. An Asien huet Japan eréischt am August 1945 d'Waffen néiergeluecht, nodeem zwou Atombommen Hiroshima an Nagasaki zerstéiert haten.

1939
Dem Hitler säin Uerder fir Polen z'iwwerfalen
  • 01. September bis 6. Oktober 1939: Ugrëff op Polen (Fall Weiss)
  • 17. September: Amarsch vun de russeschen Truppen a Polen.
Mam Polenfeldzuch – dat heescht, mam Iwwerfall vu Polen – huet dat vum Nationalsozialismus regéiert Däitschland den Zweete Weltkrich an Europa ausgeléist. De Feldzuch ass den 1. September 1939 ouni Krichserklärung mat der Invasioun vu Polen duerch déi däitsch Wehrmacht an slowakesch Truppen ugaangen. En ass de facto de 6. Oktober mat der Kapitulatioun vun de leschte polnesche Feldtruppen zu Enn gaangen. Déi polnesch Regierung ass awer an den Exil gaangen an huet selwer ni kapituléiert.
  • 03. September: Krichserklärung vu Frankräich a Groussbritannien an domat den Ufank vun der Drôle de Guerre
  • 03. September: Den Torpillage vum Passagéierschëff Athenia bedeit den Ufank vum Séikrich am Atlantik.
  • 10. September: Kanada schléisst sech der franséisch-britescher Krichserklärung no enger Ofstëmmung am Parlament un.
  • 13./14. Oktober: Däitschen U-Bootugrëff op Scapa Flow an d'Versenkung vun der HMS Royal Oak an dem Fligerdréier HMS Ark Royal.
  • 28. Oktober: De Geheimcode vun der däitscher Kryptéiermaschinn Enigma gëtt entschlësselt.
  • 08. November: Zu München gëtt en Attentat op den Hitler gemaach. Kuckt dozou: Hitlerattentat vu München.
  • 30. November: Déi Rout Arméi iwwerfält Finnland
  • 17. Dezember: Ënnergank vum däitsche Krichsschëff Admiral Graf Spee viru Montevideo.
1940
  • 9. Abrëll - 10. Juni: Operatioun Weserübung
  • 9. Abrëll - 8. Juni: Schluecht vun Narvik

Réckzuch vun den [[Alliéiert am Zweete Weltkrich|Alliéierten

  • 26. Mee - 3 Juni: Evakuéierung vum briteschen Expeditiounskorps zu Dunkerque Operatioun Dynamo
  • 10. Juni - 13. Juni: Evakuéierung vun alliéierten Truppen zu Le Havre Operatioun Cycle
  • 15. Juni - 18. Juni: Evakuéierung vum Rescht vun den alliéierten Truppen Operatioun Ariel
  • 10. Juli - 31. Okober: Loftschluecht iwwer England

Jugoslawien a Griicheland

1941

De Balkan: Griicheland, Jugoslawien "Unternehmen Marita"

D'Schluecht ëm Kreta

  • 18. - 27. Mee Operatioun Rheinübung
  • 27. Mee: Versenkung vun der Bismark

"Unternehmen Barbarossa", den Ugrëff op d'Sowjetunioun

De Partisanekrich

Nordafrika – De Rommel

D'Italiener hunn an Nordafrika - grad wéi scho virdrun an Europa - schwéier Réckschléi hinhuele missen. No enger feelgeschloener italienescher Offensiv Enn vum Joer 1940 hunn d'Brite se a Libyen komplett néiergemaach.

Den däitsche Generol Erwin Rommel krut dowéinst am Februar 1941 den Uerder, fir mat schwaache Verbänn, dem Afrikakorps, de staark an Nout gerodene Bëndnispartner bei senger Verdeedegung z'ënnerstëtzen.

1942

Stalingrad

Nordafrika – Tobruk an El Alamein

1943

D'Russe schloen zréck

D'Panzerschluecht bei Kursk "Unternehmen Zitadelle"

Déi alliéiert Landung a Sizilien "Operatioun Husky"

Däitsch Besetzung vun Italien "Fall Achse"

D'Loftugrëffer op Däitschland

1944

Schluecht ëm Monte Cassino

D'Landung vun den Alliéierte bei Anzio "Operatioun Shingle"

Zerschloe vun der Heeresgrupp Mitte

Landung vun den Alliéierten a Südfrankräich "Operatioun Dragoon"

Ardennenoffensiv

1945

Déi lescht allieéiert Loftugrëffer: Berlin an Dresden

De Pazifikkrich vun 1941 bis 1945 tëscht de keeserleche japaneschen Truppen an den USA huet ugefaangen no dem japaneschen Ugrëff op Pearl Harbor op Hawaii de 7. Dezember 1941.

Nuvola apps xmag.png Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Pazifikkrich

Wat ass dobäi erauskomm?

Afferzuelen

Basisliteratur

  • Militärgeschichtliches Forschungsamt (Erausg.), Das Deutsche Reich und der Zweite Weltkrieg, 1979 -, Deutsche Verlags-Anstalt, Stuttgart. Virgesi sinn 10 Bänn, vun deenen der 7 gedréckt sinn. D'Bänn 4 a 6 sinn och am Täschebuch bei fischer ze kréien.
  • Weinberg, Gerhard L.: A World at Arms. A global History of World War II Cambridge University Press 1994, ISBN 0-521-44317-2 ("Few historians could have taken on the daunting challenge of attempting a global history of the Second World War; but Gerhard Weinberg succeeds brillantly. It is a masterly study which is unlikely to be surpassed" Ian Kershaw)
  • Churchill, Winston S.: Der Zweite Weltkrieg (verschidden Editiounen).

Literatur zu eenzelen Themen

  • Watt, Donald Cameron: How War Came. The immediate origins of the Second Worlds War 1938-1939, London, William Heineman Ltd 1989, ISBN 0-434-84216-8 ("It's an enormously impressive, panoramic book" Paul Kennedy)
  • Milmeister, Jean: Die Ardennen-Schlacht 1944-1945 in Luxemburg, 1994, Editions Saint-Paul.
  • Rasqué, Fritz: Das Oesling im Krieg, Imprimerie St. Paul, Lëtzebuerg, 1946.
  • Toland, John: Die Ardennenschlacht 1944 (Originaltitel: Battle: The Story of the Bulge) Alfred Scherz Verlag, Stuttgard,1960.
  • MacDonald, Charles B.: The Battle of the Bulge, 1984, Weidenfeld and Nicholson, London.

Zaldotelidder op Däitsch

Zaldotelidder op Franséisch

Zaldotelidder op Englesch

Commons: Kategorie Zweete Weltkrich mat Ënnerkategorien – Biller, Videoen oder Audiodateien

Other Languages